Wëllkomm

Den Escher Hondsveräin – S.C.P.G. Esch begréisst Iech häerzlech op sengem Internet-Site. Entgéint deem wat eisen Numm (Société du Chien de Police et de Garde Esch) ausseet, ass eisen Veräin net nëmmen fir esougenannten Police-Hënn (Malinois, Schäferhond asw.) do, mee bei eis sinn all Hënn, op grouss oder kléng, op al oder jonk, wëllkomm.
Eist Ziel ass et :

  • d’Relatioun tëschent Hond a Mënsch ze verbesseren,
  • den Hond méi alldaagstauglech ze maachen, ze sozialiséieren,
  • säi Meeschter ze léieren säin Hond besser ze verstoen, esou dass déi zwee en Team ginn dat zesummen duerch déck an dënn geet a Freed mateneen huet.

Dat geet natierlech nëmmen duerch eng gewëssen Disziplin, déi esouwuel de Meeschter wéi och säin Hond musse léieren, an duerch Respekt ee v.à.v. vun deem aaneren.

„Freed un engem Hond hutt der eréischt, wann der net probéiert, aus him en hallwe Mënsch ze maachen. Zitt do dergéint dach eemol d’Méiglechkeet a Betruecht, selwer zu engem hallwen Hond ze ginn.“
Edward Hoagland