Geschicht

Historique vun der Société du Chien de Police et de Garde Esch-Uelzecht (S.C.P.G. Esch)
Am Joer 1911 gouf d’Fédération Cynologique Internationale (FCI) gegrënnt. Zu Lëtzebuerg ass den 15. Januar 1927, ënnert der Form vun enger Genossenschaft, de Saint Hubert Club de Luxembourg an d’Liewe geruff ginn. Dës Genossenschaft gouf 1928 an eng „Association sans but lucratif“ ëmgewandelt. Den 20. Dezember 1929 gouf am Saint Hubert Club d’Honds-Sektioun aus der Wéi gehuewen, déi ë.a. Besëtzer vum „livre des origines luxembourgeoises“, kuerz LOL genannt, ass. Am selwechte Joer gouf Lëtzebuerg federéierte Member vun der FCI. Mee schonn e puer Joer virun dësem Datum, vir méi genee ze sinn den 16. Februar 1913, hunn sech zu Esch e puer Idealisten zesumme fonnt fir en Hondsveräin ze grënnen. Dëst war am Hotel Muller-Reckinger, um Eck rue de Rédange/rue Adolphe Emile, hautdesdaags rue du Canal/rue Stalingrad. Am Ufank huet dëse Veräin „Verein der Hundefreunde von Esch a. d. Alzette“ geheescht, a keen eenzegen aktiven Hondsveräin vun haut ass virun dësem Datum gegrënnt ginn. D‘S.C.P.G. Esch ass also deen eelste Hondssportveräin aus dem Land.

Während dem Wanter 1913/14 huet de Club seng éischt Aktivitéit gehat, e Bal mat enger Tombola an där den éischte Präis e klenge Bernhardiner vu 4 Méint war. Den éischte Weltkrich huet säi Schied iwwert d’Aktivitéiten vun den „Hondsfrënn“ gehäit. Am Summer 1914 sinn déi beschte Memberen mat hiren Hënn aberuff ginn fir ënnert däitschem Fändel ze kämpfen. Verschiddener vun hinnen sinn net méi heem komm.
Vun 1915 bis 1918 ass keng weider Aktivitéit bekannt an de Veräin huet eréischt 1918 erëm ugefaangen mat schaffen.

No den Onrouen vun deem schreckleche Krich ass de Veräin reorganiséiert ginn. Vun 1921 bis 1925 war den Trainingsterrain zu Lalleng. Zu deem Zäitpunkt gouf den Numm vum Veräin an „Sport- und Dressurverein Esch-Alzette“ geännert.

1926 huet den Här Eugène Morby dem Hondsveräin säi Gaart an der rue Hiehl zur Verfügung gestallt, d’Trainingen fir d’Spuer an d’Mataarbecht sinn um Futtball-Terrain vun der „Jeunesse Esch“ ofgehale ginn.
Am Joer 1927 huet „d’Administration des Mines“ vun der ARBED dem Hondsveräin en Trainingsterrain am „Hasengrund“ gestallt. Zu dëser Zäit ass den Numm vum Veräin an „Société du Chien de Police et de Garde“, den haidegen Numm vum Veräin geännert ginn.

Den eelste Hondsveräin vum Land huet den 2. August 1931 eng international Hondsausstellung fir all Rassen organiséiert, an dëst an Zesummenaarbecht mam St. Hubert Club. Am Kader vun där Ausstellung war och eng Schutzdéngscht-Virféierung um Terrain vun der „Jeunesse Esch“.

1937 huet d’S.C.P.G. Esch d’Autorisatioun vun ARBED-Mines kritt fir säin Trainings-Terrain um „Gaalgebierg“ z’installéieren. Vill Aarbecht war néideg, fir den Terrain, deen am Bierg louch, gläichens ze maachen, an d’Memberen vum Veräin hunn ongezielte Stonnen an dës Entreprise investéiert fir déi Saach op en Enn ze bréngen. Sou konnt schonn 1938 den Terrain ageweit ginn, an eng grouss Demonstratioun déi d’Kenntnisser an d’Kënnen vun den Hënn mat hire Meeschteren gewisen huet, war den Ofschloss vun dëse Feierlechkeeten. Duerch dës Aktivitéiten sinn d’Leit vun Esch op de Veräin opmierksam ginn, wat sech am Joer duerno duerch e rasanten Ustieg vun de Memberszuelen gewisen huet, esou wuel bei den aktive Memberen, wéi och bei den Amateuren vun de Rassenhënn.

Nom zweete Weltkrich huet de Hondssport zu Esch nees mat 100 à l‘Heure lass geluecht. Den Terrain gouf vergréissert a verbessert, en neie Chalet an en neie Schapp goufe gebaut, an e grousse Schwammbaseng ass amenagéiert ginn, wat den Hënn erlaabt huet schwammen ze léieren. Den Terrain um Gaalgebierg gouf den neien Normen a Virschrëften ugepasst, déi duerch déi nei Reglementatioun vun der FCI (Fédération Cynologique Internationale) ausgangs de fofzeger Joeren festgeluecht gi waren.

D’S.C.P.G. Esch duerft den 24. a 25. Oktober 1959 déi 5. Europameeschterschaft fir Gebrauchshënn organiséieren, an dat dank de gudde Resultater vun hirem Member Aly Busch, deen 1958 Vize-Europameeschter zu Nagold an Däitschland gi war. 1968 huet den Aly Busch et nach besser gemaach, wéi en zu Mannheim an Däitschland Europameeschter gouf. Zwee Joer méi spéit, nämlech 1970, war d’Europameeschterschaft hei zu Lëtzebuerg am Neiduerf, an et war eisen ale President vum Veräin, de Marcel Schroeder, aktive Member zanter 1947, deen do d’S.C.P.G. Esch zu Éiere bruecht huet andeems hien mat sengem Hond Vize-Europameeschter ginn ass.

D’Joer 1963 war markéiert duerch de 50. Anniversaire vun der S.C.P.G. Esch, an an deem Kader gouf e CACIT (Certificat d’Aptitude au Championnat International de Travail) organiséiert. Leider konnt sech do keen Escher Hondsmeeschter ervir dinn.

1973, am Kader vum 60. Anniversaire ass en neie Chalet ageweit ginn, deen e bëssche méi gemittlech war, an och den Terrain gouf nees den neie Virschrëften ugepasst.

Während de 70er an 80er  Joeren hat d’S.C.P.G. Esch vill staark Aktivitéiten, wat virun allem der grousser Unzuel vun aktive Memberen ze verdanke war. Et goufen e puer remarquabel Resultater erreecht, vun deenen verschiddener mussen ernimmt ginn, wéi zum Beispill d’Championstitelen an de Joeren 1971, 1974 an 1976.
De 24.a 25. Abrëll 1979 war nees e CACIT um Programm vun der S.C.P.G. Esch, dëst am Park vum Gaalgebierg. 24 Hondsmeeschteren mat hiren Hënn waren do um Start. Déi 70er an 80er Joeren hunn dem Veräin eng gewësse Stabilitéit ginn. Während där Period sinn och eng ganz Partie Aarbechtsreglementer vun der CLSCU nogebessert, an der deemoleger Situatioun ugepasst ginn.

Am Laf vum Joer 1988 huet den Escher Hondsveräin säin 75. Gebuertsdag gefeiert. D’Festivitéiten sinn iwwert 5 Deeg gaangen, an um Programm stoungen national Concours’en fir Mataarbecht an Schutzdëngscht um Terrain Gaalgebierg, eng offiziell Receptioun am Restaurant Pavillon Gaalgebierg duerch d’Escher Gemeng, international Concours’en an de Klassen 1, 2 an 3 am Emile Mayrisch Stadion, an Demonstratiounen vun de beschten Hënn aus de Concours’en. Dës Manifestatioun huet en immense Succès beim Escher Publikum kannt, bedéngt och duerch d’Präsenz vun deene villen Hënn mat hire Meeschteren.

Am Ufank vum Joer 1990 huet eng nei Disziplin am europäeschen Hondssport Anzuch gehalen, den Agility. D’S.C.P.G. Esch huet Trainingen an dëser Hondssportaart ugebueden, an et goufen och Concours’en organiséiert vun 1997 bis 2002, Joer an deem mat deem Sport opgehale gouf wéinst Mangel un Interessi bei de Memberen am Veräin.

Sonndes den 13. Oktober 1991 huet d’S.C.P.G. Esch, zesumme mat der technescher Kommissioun vun der CLSCU, déi 52. National Meeschterschaften fir Gebrauchshënn am Emile Mayrisch Stadion organiséiert. 21 Hënn waren um Start.

Ausgangs den 90er Joeren huet den Escher Veräin stiermesch Zäiten duerchlieft, mat verschiddene Changementer am Comitée vum Veräin; eng Situatioun déi sech awer zanter 2002 stabiliséiert huet. De Comitée huet Kompromësser fonnt a sech op eng gemeinschaftlech Linn festgeluecht an doduerch gouf de Veräin erëm stabiliséiert.

D’Joer 2004 war turbulent fir d’S.C.P.G. Esch, well d’Kees duerch en trageschen Tëschefall op eemol quasi eidel war. Mee duerch immens Ustrengungen, de fantasteschen Zesummenhalt vun de Memberen an hier Léift zum Hondssport hunn derzou gefouert, dass dës Situatioun och gemeeschtert gouf.

2006 ass op en Neits d’nationaalt Championnat vun der S.C.P.G. Esch zesumme mat der technescher Kommissioun vun der CLSCU zu Esch organiséiert ginn. Dës Kéier um Futtball-Terrain vun der „Union Sportive Esch“.

2010 hätt de Veräin en positiven Opschwong an sengen Aktivitéite kënnen erliewen, duerch d’Arrivée vun neien aktive Memberen. Mee déi Hoffnung war nëmme vu kuerzer Dauer, well déi nei Memberen hunn de Veräin schonn erëm Ufank 2013 verlooss.

Den 20. September 2013 war a Präsenz vu verschiddenen Députéierten eng akademesch Sëtzung am Stadhaus vun der Escher Gemeng fir d’honnert Joer vun der S.C.P.G. Esch ze feieren. Deen Dag duerno war op der Stadhausplaz den „Dag ronderëm den Hond“ mat Demonstratiounen déi den Hond a senger Villsäitegkeet an a senger Integratioun an der Welt vum Mënsch gewisen hunn, op där enger Säit als Komerod an Compagnon, an op där anerer Säit als Ergänzung zum Mënsch a sengem deegleche Liewen.

Fir d’Feierlechkeeten vum Centenaire ofzeschléissen, huet d’S.C.P.G. Esch zesumme mat der technescher Kommissioun vun der CLSCU den 20. Juli 2014 d’Landesmeeschterschaft fir Gebrauchshënn um Terrain zu Esch um Gaalgebierg organiséiert.